Biografien vu Fraen, déi sech fir den AFC engagéieren

Hei stelle mir Frae vir, déi den ästhetesch flaache Verschloss gewielt hunn an anere Patientinne beistoen op hirem Wee fir e schéint Ausgesinn no hirer Mastektomie ze kréien. Si scheie keng Aarbecht a Méi an investéieren hiert privat Geld fir datt all Fra Recht op e menschewierdegt Ausgesinn no enger Mastektomie ouni Materialopbau huet. 

Liest dem Kimberly seng Geschicht. D'Kimberly gouf, trotzdem datt hat sech e vermeintlech ganz gudden Dokter ausgesicht hat, während senger Mastektomie verstümmelt. Den Dokter huet säi Wonsch fir mat engem flaache Broschtkuerf liewen ze wëllen, ignoréiert. D'Kimberly ass den Dréi an Angelpunkt fir all Uleies iwwert den AFC weltwäit. 
Weider Informatioune fannd dir op www.notputtingonashirt.org and hei Christina Miner.

Duerch d'Renee gëtt den AFC weltwäit am Ferseh bekannt. D'Rennee ass Schauspillerin an d'Stëmm vun der Dokter Wendy Sage an der Serie "Die Simpsons". Duerch seng grouss Mediepräsenz mecht d'Renee eng grouss Aarbecht fir den AFC iwwerall ze präsentéieren an ze weise wéi gutt et enger Fra goe kann, wa si e schéint Ausgesinn no enger Mastektomie huet. 
Weider Informatioune fannd dir op www.standtallafc.org  and hei Midwest Breast & Aesthetic Surgery.

Als Schrëftstellerin mecht d'Katrin den AFC bekannt. Hiert Buch "Flat and Happy" hëlleft den AFC an d'Gespréich ze brengen an och Leit unzespriechen, déi sech net an d'Lag kënne versetzen de Wee vun engem AFC ze goen.
Weider Informatioune fannd dir hei www.katrinvandam.com

 

 

Duerch hir familiär Belaaschtung wousst d'Uta direkt bei senger Diagnos, datt hat seng Brëscht wollt erofhuele loossen. D'Uta ass e Virbild u Courage a Menscheverstand a mecht eng grouss Öffentlechkeetsaarbecht fir d'Akzeptanz vum AFC ze promovéieren. D'Uta huet den AFC duerch säi Fotoprojet bekannt gemaach an de Fraen doduerch gewissen datt si schéi sinn, och wa si kee Buse méi hunn.
Weider Informatioune fannd dir hei www.utamelle.com

Klickt op d'Biller fir Fotoe vu gudden a schlechte Mastektomieverschlëss ze gesinn. Opgepasst, munch Biller kënne verstéierend wierken!

Munchmol ass de Wee schwéier fir e schéine, flaachen Thorso ze kréien. Vill Frae hunn eng medezinesch a séilesch Odysee hannert sech, éier se e endlech e propperen, flaachen Thorso hunn. 

D'Grit huet sech, während senger Therapie géint de Broschtkriibs, géint Broschtimplater entscheed. Hat huet uerg Situatioune missen erliewen well seng Dokteren déi Decisioun net wollten unerkennen. Seng Energie stecht et an d'Associatioun "AMSOB - Ablatio mammae - Selbstbewusst ohne Brust" fir Fraen ze hëllefen déi e schéine flaache Verschloss vun hirem Broschtkuerf wëllen. D'Gritt ass Member vun engem ganz aktiven Team an all Froe zum Thema AFC ginn a kierzester Zäit beäntwert a de Grupp leescht e besonnësche moralesche Bäistand wann eng Fra an eng ähnlech Situatioun kënnt.
Weider Informatioune fannd dir hei www.amsob.de an op SWR 3 Heimat .

 

 

 

 

 

Eng grouss Virreiderin vum ästhetesch, flaache Verschloss war d'Marie-Claude Belzile. Trotz sengem jonken Alter, wousst d'Marie-Claude instinktiv datt eng Mastektomiewonn ordentlech verschloss muss ginn fir de Fraen hir Dignitéit ze loossen. Och war hat iwwerzeegt, datt de Wonsch vun de Fraen, fir kee Broschtopbau ze kréien, onbedingt respektéiert misst ginn. D'Marie-Claude huet et erreecht, datt am Québec de schéine flaache Verschloss offiziell unerkannt ginn ass. Als Auteur vum Buch "Penser le sein féministe" ass d'Marie-Claude iwwert d'Grenze vum Québec bekannt ginn an ass e grousst Virbild un Zivillcourage a Courage géintiwwer senger onbarmhäerzeger Krankheet. Mir Frae vergiessen hat net. D'Marie-Claude ass den 20.12.2020 un de Suite vu sengem Broschtkriibs, vill ze fréi, gestuewen.
Weider Informatioune fannd dir hei
Facebook - Tout aussi Femme an an engem ergräifende Facebook - Videomessage .

Wir benötigen Ihre Zustimmung zum Laden der Übersetzungen

Wir nutzen einen Drittanbieter-Service, um den Inhalt der Website zu übersetzen, der möglicherweise Daten über Ihre Aktivitäten sammelt. Bitte prüfen Sie die Details und akzeptieren Sie den Dienst, um die Übersetzungen zu sehen.