Eng alternativ Operatiounsmethod no enger Mastektomie bei Broschtkriibs
Zu Lëtzebuerg ginn et am Moment dräi Broschtopbaumethoden, déi de Patientinnen beim Verloscht vun hirer Broscht virgeschloe ginn:
• De Broschtopbau mat engem Silikonimplantat
• D'Lappentechnik
• De Lipomodelage
Et gett nach eng véiert Method :
• Den ästhetesch flaache Verschloss vum Broschtkuerf ouni Knubbelen an ouni Verdéiwunge mat enger schéinst méiglecher Narbeféierung.
Déi usprochsvoll Operatioun soll duerch en onkoplastesche Chirurg, e plastesche Chirurg oder e Chirurg mat enger spezieller Ausbildung gemaach ginn.
Dës Informatiounssäit informéiert NET iwwert de Broschtkriibs u sech oder seng Behandlungsmethoden.
Wann dir Froen oder Suergen iwwert är Krankheet oder är Kriibsbehandlung hutt, riicht iech, wann ech glift, un ären Dokter, Hausdokter oder un är Breast Care Nurse.
Si sinn är Uspriechspartner fir d'Kriibstherapie!
Broschüren an Internetsäite vu seriösen Associatiounen, wéi d'Fondation Cancer Lëtzebuerg, Mamma Mia! Das Brustkrebsmagazin an Deutsche Krebshilfe aus Däitschland kënnen iech zousätzlech, gepréiwten Informatioune ginn, fir iech während ärer Kriibserkrankung beizestoen.
Bei enger Broschtkriibserkrankung wënsche sech vill Fraen, fir zur Rou ze kommen. Si sichen no enger alternativer Method fir hiert Ausgesinn no enger Mastektomie ze verbesseren. Si wëllen oft keng zousätzlech Operatiounen iwwert sech ergoe loossen a schnellst méiglech erëm op de Been ze sinn.
Si versichen hir Kraaft beieneen ze halen a sech, esou gutt et geet, op hir Kriibstherapie ze konzentréieren. Haut ginn et wäertvoll Informatiounsquellen zum Thema Broschtkriibs an et ass ganz wichteg als Patientinn matzeschaffen.
Den ästhetesch flaache Verschloss, op Englesch heescht en "Aesthetic Flat Closure", kuerz "AFC", a Frankräich froen d'Fraen no engem "Buste plat", zu Lëtzebuerg als vollwäerteg Alternativ zu den traditionellen Opbaumethode bekannt ze maachen, ass eist Zil.
Den AFC ka fir vill Fraen eng interessant Alternative sinn, fir no enger Mastektomie ouni Broscht weider ze liewen.
Männer déi u Broschtkriibs erkranken, sinn häerzlech wëllkomm op eisem Site. Och fir si ass et wichteg no enger Broschtkriibsoperatioun eng schéin Cicatrice ze kréien!
Dës Internetsäit, mat all hiren Informatiounen, ass mat der Hëllef vun den amerikaneschen, däitschen, canadeschen, franséischen an nidderlännesche Fraen entstanen. Säit 2019 leeschten si eng grouss a wichteg Viraarbecht fir den AFC als vollwäerteg Broschtopbaumethod anzeféieren.
E grousse Merci u si all!