Suite vun den Telegrammen
Broschtkriibs. AFC.
Eng Mastektomie kann eng gudd, gesond a schéin Optioun no enger Broschtkriibsdiagnos sinn. Et ass ganz wichteg sech a Rou all Méiglechkeete weisen an erklären ze loossen, wéi een als Fra no der Broschtkriibsoperatioun ausgesi kann. Et ass ganz wichteg datt de Chirurg dës besonneg Technik ausféiere kann
- Wéini ginn et Standarde fir eng Mastektomie mat engem schéine Verschloss déi landeswäit gülteg a rechtskräfteg sinn an an de Lignes directives ageschriwwe sinn?
- Wéini gëtt dës Operationsméiglechkeet alle Fraen virun hirer Operatioun ugebueden a vun der Krankekeess akzeptéiert a rembourséiert?
- Wéini gëtt eng Mastektomie mat engem schéine Verschloss net méi als "Schéinheetsoperatioun" klasséiert, mee als onkoplastesch Operatioun?
- Wéini gëtt d'Wiel vun enger Patientin, déi eng Mastektomie mat engem schéine Verschloss wëll, vum medezinesche Personal a vum Fleegepersonal akzeptéiert a respektéiert?
- Wéini kënnt de Begrëff vun enger Mastektomie mat engem schéine Verschloss an de medezineschen Dossier vun der Patientin, amplaz dat do steet datt Patientin e Broschtopbau refuséiert?
- Wéini gi Patientinnen, déi e schéine Verschloss wëllen, genee esou behandelt wéi d'Patientinnen déi e Broschtopbau wëllen?
- Wéini gi Patientinnen, déi e schéine, flaache Broschtkuerf wëllen, net méi bei e Psychiater geschéckt fir ze kucken ob si sech der Konsequenz vun hirer Decisioun bewosst sinn?
- Wéini däerf eng Patientin sech endlech di zweet Broscht erof huele loossen fir datt hiert Ausgesi symetresch ass?
- Wéini mecht endlech bei enger Mastektomie, ouni Opbauwonsch, e plasteschen oder onkoplastesche Chirurg mat fir datt d'Fraen e flaachen Thorso kréien, ouni Knubbelen oder Dellen. Mat enger flaacher, riichter Narb?