Di europäesch Leitlinne gi vir, datt eng Broschtkriibspatientin ALL Méiglechkeete virgeschloe kritt, wéi si operéiert ka ginn a wéi si no hirer Mastektomie wëll ausgesinn cf. S. 326. De Wonsch eng Mastektomie ze kréie, läit och bei der Patientin cf. S. 327. Demno feelt just datt d'"Outcome Mesure" vun einer schéiner Thorax Rekonstruktioun net an dësem Dokument steet. Mir mengen dës Méiglechkeet muss schnellstens de Fraen ugebuede ginn a, genee wéi all Broschtopbau mat Volumen, vun de Krankekeese bezuelt ginn.
D'Märercher déi de Patientinne verzielt ginn, mussen ophalen an eng, fir di betraffe Frae, gutt Léisung ugeschwat a mat Geschéck durchgeféiert ginn.
Wa weider op e Broschtopbau, ouni Rücksicht op Verloschter, de Fraen opgezwonge gëtt, riskéiere mir an e sanitären Noutstand ze kommen.
E Land wéi Lëtzebuerg kënnt de schéine, flaache Verschloss ganz séier duersetzen an zu enger besserer Zefriddenheet a Gesondheet vu senge Broschtkriibs Patientinnenn a Patiente beidroen.
Telegramm vum 10.11.2023
Le consentement libre et éclairé.
Wat bedeit dat?
- Däin Dokter muss dech op all Méiglechkeeten vun Trätement, dat Dir bevirsteet, hiweisen.
- Däin Dokter dierf Dech net duerch seng eege Gefiller beaflossen fir eppes mat Dir ze maachen, wat's du net wells.
- All Virdeeler, Nodeeler a Risike müssen Dir virun denger Operatioun erkläert ginn.
- Du muss Zäit hu fir eng Decisioun ze treffen an Du muss d'Méiglechkeet hunn fir, mat enger Frëndin oder enger Psychologin ze schwätzen wann's du Angscht oder Zweifel hues.
- Wann Däin Dokter Drock op dech ausübt, zum Beispill wann hie seet dass du séilesch net ouni Broscht kanns liewen obwuel's du de Contraire denks, riicht dech un en aneren Dokter oder ruff direkt der Fondation Cancer un.
-Fro der Dokumentatioun un iwwert all Méiglechkeeten, wéi's du no enger Mastektomie kanns ausgesinn.
- Du hues d'Recht eng zweet Meenung ze froen.
- Kontaktéier eng Selbsthilfegrupp, déi Fraen déi sech do engagéieren hunn dat Selwecht matgemaach.
- Géi vu lo un net méi alleng an d'Consultatiounen fir dass du en Zeien hues.
- Huel direkt eng Breast Care Nurse zu Hëllef.
Wann's Du net de Courage opbréngs deng Meenung an Deng Wënsch virun denger Operatioun duerchzesëtzen, riskéiers Du an eng schlëmm Spiral vun Operationen a Leed ze kommen.
Gudde Rot kriss Du bei Ablatio mammae - Selbstbewusst ohne Brust e. V. - AMSOB oder schreif op mengwiel@gmail.com, mir ruffen Dir zeréck.
Wann en Dokter oder eng Fleegepersoun ofwäertend Commentären iwwer mastektomiséiert Fraen, déi keen Opbau wënschen, ausdrécken, mellt dat dem Comité d'éthique wann ech glift.
Telegramm vum 16.07.2023
Broschtkriibs. AFC. Du wëlls no denger Mastektomie e schéine flaache Verschloss hunn a kee Broschtopbau? Looss dech DIREKT bei e plasteschen oder onkoplastesche Chirurg iwwerweisen fir deng Mastektomie ze maachen!
Dëse Spezialist informéiert dech am Detail a mecht dir e schéine Verschloss ouni Dellen oder iwwersteend Haut. Och deng Cicatricen solle sou schéi wéi méiglech sinn an deng Äerm voll beweeglech bleiwen. De plasteschen oder onkoplastesche Chirurg ass e ganz wichtige Member an dengem Team dat sech ëm deng Gesondheet këmmert!
Eng Lëscht vun dësen Topchirurgen fënns du am Telefonsbuch an an dengem Spidol. Fro däi Gynekolog oder däin Onkolog fir dir ze hëllefen de passende Chirurg ze fannen. Mir hu mëttlerweil e puer Adressen vun Dokteren, déi dem AFC frëndlech gesënnt sinn.
Ruff an denger Krankekees un, fir dech beroden ze loossen wéinst eventuellen Méikäschten.
Wann's du no denger Mastektomie (och viru mi laanger Zäit) nach Erhiewunge vun Haut oder Speck hues an du bass net zefridde mat dengem Ausgesinn, fro ongenéiert eng Zweetmeenung. Et muss onbedengt ausgeschloss ginn, datt Broschttissu no denger Operatioun Rescht ass!
Fraen déi no enger Mastektomie keng Radiotherapie an/oder keng Chemotherapie kruten, riskéieren datt an deene Knuppen Broschttissu bliwwen ass an do kënne sech vläicht nach Kriibszellen ophalen.
No enger Mastektomie soll eng Fra emol am Joer en Ultraschall vum Terrain gemaach kréien, wou fréier hir Broscht war! Dës Ënnersichung ersetzt d'Mammografie. Looss dech vun denger Gynäkologin bei eng Rëntgendokterin iwwerweisen!
Telegramm 26.10.2023
Eng Alternativ zum Broschtopbau sinn Tattooen. Et ginn temporär Biller, déi no puer Deeg ofgewäsch ginn. E richtegen Tattoo, deen d'Mastektomie Cicatricen iwwerdeckt, soll gutt geplangt sinn. Et kann een sech bei senger Dermatologin renseignéieren ob een en Tattoo verdréit. En Narbe Cover soll fréistens 2 Joer no der Operation gemaach ginn, no gudder Iwwerleeung a vun engem spezialiséierten Tattoo Kënschtler. Och muss d'Radiotherapie mat a Consideratioun gezu ginn, d'Haut ass no der Bestrahlung méi empfindlech. Et däerf een sech net an enger Antibiotika- oder Kortisonbehandlung befannen. Op de Beispillbiller vun Not Putting on a Shirt gesäit een haaptsächlech grouss Motiver. Filligran Dessine kënnen awer grad esou flott sinn a vun den Narben oflenken.
Wir benötigen Ihre Zustimmung zum Laden der Übersetzungen
Wir nutzen einen Drittanbieter-Service, um den Inhalt der Website zu übersetzen, der möglicherweise Daten über Ihre Aktivitäten sammelt. Bitte prüfen Sie die Details und akzeptieren Sie den Dienst, um die Übersetzungen zu sehen.