Suite vun den Telegrammen

De Kriibs, besonnesch de Broschtkriibs, ass en Thema dat eng Fra net gär u sech eruléist. Em sou méi wichteg sinn dofir Temoignage vu Fraen, déi vum Broschtkriibs betraff sinn an eis d'Wichtegkeet vun der fréier Entdeckung vun dëser hannerhälterger Krankheet noleeën.
Mir präsentéieren Iech haut de Sondesinterview vun RTL vum 22.10.2023. D'Kim Schortgen temoignéiert iwwert hir Broschtkriibserkrankung. 
Aus eegener Erfahrung kënne mir eis um Kim Schortgen seng Wieder uschléissen. De Grad tëschend der Insouciance an der Kriibsdiagnos ass oft ganz kleng. 
Lauschtert op Äre Kierper! 
Huelt Iech Zäit fir Iech an Är Gesondheet! 
Gitt an d'Mammografie a wann Dir dichte Broschttissu hudd, loosst en Ultraschall maachen. 
Dir sidd den Här iwwert Äre Kierper. Notzt dëst fir datt dir en eventuellen Tumor esou fréi ewéi méiglech fannd an him Är Stir kënnt bidden. 
A wann dir de schmuele Grad a Richtung Kriibsdiagnos a Kriibstherapie musst iwwersprangen, Dir sidd net alleng mat Ärem Lous. Um Internet an a Selbshilfegruppe fannd Dir solidaresch Fraen déi Iech an dëser Zäit beistinn.
Di wonnerbar Equipe vun der Fondation Cancer steet Iech zur Verfügung fir Iech ze hëllefen. 
A wann Dir de Grad zu dem "nach Gesondsinn" iwwersprangt, vergiesst net Iech and d'Lag vun de Kriibspatienten a Kranken ze versetzen. Och si waren emol op Ärer Säit. Sidd solidaresch mat hinnen a vergiesst ni wéi schmuel de Grad ass fir op eemol op der anerer Säit ze stoen.
16.11.2023

Suite vun den Telegrammen

Broschtkriibs. AFC.
Eng Mastektomie kann eng gudd, gesond a schéin Optioun no enger Broschtkriibsdiagnos sinn. Et ass ganz wichteg sech a Rou all Méiglechkeete weisen an erklären ze loossen, wéi een als Fra no der Broschtkriibsoperatioun ausgesi kann. Et ass ganz wichteg datt de Chirurg dës besonneg Technik ausféiere kann
- Wéini ginn et Standarde fir eng Mastektomie mat engem schéine Verschloss déi landeswäit gülteg a rechtskräfteg sinn an an de Lignes directives ageschriwwe sinn? 
- Wéini gëtt dës Operationsméiglechkeet alle Fraen virun hirer Operatioun ugebueden a vun der Krankekeess akzeptéiert a rembourséiert?
- Wéini gëtt eng Mastektomie mat engem schéine Verschloss net méi als "Schéinheetsoperatioun" klasséiert, mee als onkoplastesch Operatioun?
- Wéini gëtt d'Wiel vun enger Patientin, déi eng Mastektomie mat engem schéine Verschloss wëll, vum medezinesche Personal a vum Fleegepersonal akzeptéiert a respektéiert?
- Wéini kënnt de Begrëff vun enger Mastektomie mat engem schéine Verschloss an de medezineschen Dossier vun der Patientin, amplaz dat do steet datt Patientin e Broschtopbau refuséiert?
- Wéini gi Patientinnen, déi e schéine Verschloss wëllen, genee esou behandelt wéi d'Patientinnen déi e Broschtopbau wëllen?
- Wéini gi Patientinnen, déi e schéine, flaache Broschtkuerf wëllen, net méi bei e Psychiater geschéckt fir ze kucken ob si sech der Konsequenz vun hirer Decisioun bewosst sinn?
- Wéini däerf eng Patientin sech endlech di zweet Broscht erof huele loossen fir datt hiert Ausgesi symetresch ass?
- Wéini mecht endlech bei enger Mastektomie, ouni Opbauwonsch, e plasteschen oder onkoplastesche Chirurg mat fir datt d'Fraen e flaachen Thorso kréien, ouni Knubbelen oder Dellen. Mat enger flaacher, riichter Narb?

Home

Wir benötigen Ihre Zustimmung zum Laden der Übersetzungen

Wir nutzen einen Drittanbieter-Service, um den Inhalt der Website zu übersetzen, der möglicherweise Daten über Ihre Aktivitäten sammelt. Bitte überprüfen Sie die Details in der Datenschutzerklärung und akzeptieren Sie den Dienst, um die Übersetzungen zu sehen.