Suite vun den Telegrammen

Repost Mamma Mia! Das Brustkrebsmagazin . Broschtkriibs beim Mann ass en Thema wat net esou oft ugeschwat gëtt. Et ass immens wichteg all Verännerung op der männlecher Broscht ennersichen ze loossen. Et heescht schnell reagéieren wann sech e Mammelon anzitt, en Bommel op eemol do ass, ze spiren ass oder soss anormal Ännerungen ze gesi sinn. Gidd bei eng erfuere Rëntgendokterin oder Gynäkologin fir et séier opzeklären.

En onkoplastesche Chirurg kann am Fall vu Kriibs d'Tumeur eraushuelen a versichen iech en ordentlecht Ausgesinn ze garantéieren.

Dir gitt Leitlienie getrei behandelt an hudd soumat grouss Chance fir dem Kriibs Här ze ginn. Bleift net aleng mat ärer Diagnos an ärer Krankheet.

Dir fannt diskret vill Informatiounen online. Direkt Hëllef a Bäistand kritt dir vun der Fondation Cancer Luxembourg.

An Däitschland gëtt et en Netzwierk fir Männer www.brustkrebs-beim-mann.de. Do kennt dir iech austauschen a wäertvoll Informatioune kréien.

Och vill betraffe Frae wäerten iech verstoen an iech mat Rot an Dot zur Säit stoen.

Mir fannen dat Urologen Männer sollen informéieren iwwert d'Gefor vum  Broschtkriibs, zumool wa Broschtkriibs an der Famill vum Patient besteet. Vläicht kéint een e Flyer opsetzen an deen un d'Urologen, Generalisten an Apdikten verdeelen.

29.03.2024

Suite vun den Telegrammen

Eng Broschtkriibspatientin, déi fräiwëlleg oder net, hir Broscht verléiert ass eng ganz vulnerabel Persoun. 
D'Diagnos Broschtkriibs geheit eng Fra total aus de Schinnen. Di meescht Fraen hunn sech nach ni mat dem Thema Broschtkriibs bei sech selwer ofginn an dinn sech demno schwéier Therapien an Décisiounen, déi ze maache sinn, rationnel unzegoen. 

Parallel zum Kriibsthema gëtt d'Ausgesinn no enger Mastektomie normalerweis direkt ugeschwat. 
Eng Taktik ass, alles ze verdrängen a sech ze soen datt schon alles wäert gutt goen. 
Aner Frae loossen hir Doktere fir si entscheeden an erleiden hir Schicksal. 

Et gëtt eng Kategorie Fraen, déi sech net fir déi "normal" Procedüren entscheed, wann et ëm de Broschtopbau geet. Dës Fraen, déi kee Broschtopbau wënschen, mee e schéine, flaache Verschloss, stoussen oft op ganz grousse Widderstand. 
Dëse Widderstand ka vun Dokteren, Fleegepersonal, Partner, Famill oder Frënn kommen. Méi oder manner grausam Aussoen, gemeng Sprëch oder Drohunge gi géintiwwer dëse Fraen ausgedréckt.

Wann Dir an enger vun dëse Situatioune sidd, iwwerleet wat IECH gutt deet a wat sech fir IECH gutt unhéiert. Informéiert Iech! Et ass ÄRE Kierper, ÄR Péng an ÄR Leed dat dir am Fall vun enger net gutt iwwerluechter Décisioun matschleefe musst. Et ass KEE méi do vun deene Leit déi Iech beaflosse wollten.

Mir soen Iech: stidd zu ÄRER Meenung an ÄRER Décisioun e schéine, flaache Verschloss ze wëllen. Setzt Iech géint ALL Leit duerch, déi Iech manipuléiere wëllen, déi Iech net fair zur Säit stinn an dëser grousser Nout. Loosst Balast of, trennt Iech vu Leit, déi Iech wéi dinn. Sidd frou mat Iech selwer, erkennt Leit déi Iech gutt dinn an Iech trei sinn, egal ob dir lo mat engem oder kengem Decolleté durch d'Liewe laaft. 
Léiert e puer cool Sprech fir är Peineger sprachlos ze maachen. Schlagfäerdegkeet kann e léieren an si hält Iech toxesch Leit vum Pelz.

07.01.2024

Suite vun den Telegrammen

Mir brauchen dringend e Code fir eng Mastektomie mat schéinem Verschloss! 
Ganz vill Patientinnen waarde gedëlleg a stomm dorop. 
Et gëtt Zäit Gerechtegkeet ze schafen, tëschent Fraen déi e Broschtopbau bezuelt kréie (fir datt si zefridde mat hirem Ausgesi sinn) an de Fraen déi keen Opbau wëllen oder kënne maachen (och si wëllen zefridde mat hirem Spiggebild sinn). 
Dat ass eng Diskriminatioun éischte Grades fir de mastektomiséierte Fraen en ordentlecht Operatiounsresultat aus Käschtegrënn ze verwieren an eng Verfeelung géint d'Grondgesetz.
14.11.2023

Suite vun den Telegrammen

Wat ass Flat Denial ? Eng Fra di Broschtkriibs huet, soll am beschte Fall iwwert ALL Méiglechkeeten fir hiert Ausgesinn no der Mastektomie, VIRUN hirer Operatioun informéiert sinn. Sou ka si a Rou entscheeden, fir wat fir eng Léisung si sech entscheed. Si deelt hir Entscheedung hierem Chirurg mat. Si seet: ech wëll meng Broscht/Brëscht erofgeholl kréien an ech wëll e schéine, flaache Verschloss hunn. Si ënnerschreift dem Dokter eng Decharge wou si unerkennt, datt si hir Broscht/hir Brëscht duerch eng Mastektomie erofhuel loosse wëll AN datt si e SCHÉINE, FLAACHE VERSCHLOSS WËLL. Spéidsdens an deem Moment muss e Chirurg e plastesche Chirurg mat beihuelen oder d’Fra DIREKT bei e plastesche Chirurg iwwerweisen, fir dësen Optrag auszefëllen.
Et kënnt zimlech oft vir, datt den Dokter op d’Wënsch vun enger Fra ageet, awer während der Operation die gefuerderte flaache Verschloss NET mecht. Den Dokter wëll der Fra d’Méiglechkeet loossen hir Meenung ze änneren. Hien ass sëcher datt eng Fra net ouni Broscht ka liewen. Fir di betraffe Fraen ass dëst Handelen en immense Schock an e grousse Vertrauensbroch. Si fannen sech mat iwwersteendem Haut, Speck a Broschttissu no der Operatioun erëm. De Broschttisssu ass geféierlech, well do eventuel Kriibszelle kënnen dra sinn. 
Munchmol ass den Dokter averstaangen mam Wonsch vun der Fra fir e “Buste Plat” ze kréien, mee hie schéckt d’Fra bei e Psychiater fir auszeschléissen datt d’Fra, sou verréckt et kléngt, e Mann wëll ginn ...... oder ob d’Fra eng selbstzerstéieresch Krankheet huet, BIID - Körperintegritäts- Identitätsstörung. Dat ass natierlech NET de Fall. De Broschtkriibs ass schons als Krankheet immens uerg an invalidéierend genuch! 

Hudd Dir e Verdacht, datt ÄRE Chirurg dëst mat Iech virhuert, sicht no engem Dokter dee bekannt ass fir dat net ze maachen. Frot onbedengt d’Krankekeess ëm Hëllef! Wann Dir Affer vu Flat Denial sidd, ob bei der éischter Operatioun oder wann dir är Silikonprotees eraushuele geloosst hudd, kënnt Dir Iech vun engem onkoplastesche Chirurg oder plastesche Chirurg no operéiere loossen. Kontaktéiert d'Krankekeess VIRUN Ärer Operatioun. Am Moment musst Dir dat, normalerweis, selwer bezuelen!! Eis Krankekeess seet, datt dëst eng "Schéinheetsoperatioun" ass. Natierlech ass dat eng onkoplastesch Operatioun a MISST, genee wéi d’Opbauméthode mat Volumen, vun der Krankekees zeréck bezuelt ginn! 

Braucht dir Hëllef an Informatiounen, da kuckt op www.amsob.de, www.notputtingonashirt.org a www.monbusteplat.fr . All dës Hëllefsorganisatioune kennen Dokteren déi de Flat Denial net praktizéieren an hu Lëschte mat Adressen am In- an Ausland.

09.09.2023

Wir benötigen Ihre Zustimmung zum Laden der Übersetzungen

Wir nutzen einen Drittanbieter-Service, um den Inhalt der Website zu übersetzen, der möglicherweise Daten über Ihre Aktivitäten sammelt. Bitte überprüfen Sie die Details in der Datenschutzerklärung und akzeptieren Sie den Dienst, um die Übersetzungen zu sehen.