Suite vun den Telegrammen

Mir brauchen dringend e Code fir eng Mastektomie mat schéinem Verschloss! 
Ganz vill Patientinnen waarde gedëlleg a stomm dorop. 
Et gëtt Zäit Gerechtegkeet ze schafen, tëschent Fraen déi e Broschtopbau bezuelt kréie (fir datt si zefridde mat hirem Ausgesi sinn) an de Fraen déi keen Opbau wëllen oder kënne maachen (och si wëllen zefridde mat hirem Spiggebild sinn). 
Dat ass eng Diskriminatioun éischte Grades fir de mastektomiséierte Fraen en ordentlecht Operatiounsresultat aus Käschtegrënn ze verwieren an eng Verfeelung géint d'Grondgesetz.
14.11.2023

Suite vun den Telegrammen

Wat ass Flat Denial ? Eng Fra di Broschtkriibs huet, soll am beschte Fall iwwert ALL Méiglechkeeten fir hiert Ausgesinn no der Mastektomie, VIRUN hirer Operatioun informéiert sinn. Sou ka si a Rou entscheeden, fir wat fir eng Léisung si sech entscheed. Si deelt hir Entscheedung hierem Chirurg mat. Si seet: ech wëll meng Broscht/Brëscht erofgeholl kréien an ech wëll e schéine, flaache Verschloss hunn. Si ënnerschreift dem Dokter eng Decharge wou si unerkennt, datt si hir Broscht/hir Brëscht duerch eng Mastektomie erofhuel loosse wëll AN datt si e SCHÉINE, FLAACHE VERSCHLOSS WËLL. Spéidsdens an deem Moment muss e Chirurg e plastesche Chirurg mat beihuelen oder d’Fra DIREKT bei e plastesche Chirurg iwwerweisen, fir dësen Optrag auszefëllen.
Et kënnt zimlech oft vir, datt den Dokter op d’Wënsch vun enger Fra ageet, awer während der Operation die gefuerderte flaache Verschloss NET mecht. Den Dokter wëll der Fra d’Méiglechkeet loossen hir Meenung ze änneren. Hien ass sëcher datt eng Fra net ouni Broscht ka liewen. Fir di betraffe Fraen ass dëst Handelen en immense Schock an e grousse Vertrauensbroch. Si fannen sech mat iwwersteendem Haut, Speck a Broschttissu no der Operatioun erëm. De Broschttisssu ass geféierlech, well do eventuel Kriibszelle kënnen dra sinn. 
Munchmol ass den Dokter averstaangen mam Wonsch vun der Fra fir e “Buste Plat” ze kréien, mee hie schéckt d’Fra bei e Psychiater fir auszeschléissen datt d’Fra, sou verréckt et kléngt, e Mann wëll ginn ...... oder ob d’Fra eng selbstzerstéieresch Krankheet huet, BIID - Körperintegritäts- Identitätsstörung. Dat ass natierlech NET de Fall. De Broschtkriibs ass schons als Krankheet immens uerg an invalidéierend genuch! 

Hudd Dir e Verdacht, datt ÄRE Chirurg dëst mat Iech virhuert, sicht no engem Dokter dee bekannt ass fir dat net ze maachen. Frot onbedengt d’Krankekeess ëm Hëllef! Wann Dir Affer vu Flat Denial sidd, ob bei der éischter Operatioun oder wann dir är Silikonprotees eraushuele geloosst hudd, kënnt Dir Iech vun engem onkoplastesche Chirurg oder plastesche Chirurg no operéiere loossen. Kontaktéiert d'Krankekeess VIRUN Ärer Operatioun. Am Moment musst Dir dat, normalerweis, selwer bezuelen!! Eis Krankekeess seet, datt dëst eng "Schéinheetsoperatioun" ass. Natierlech ass dat eng onkoplastesch Operatioun a MISST, genee wéi d’Opbauméthode mat Volumen, vun der Krankekees zeréck bezuelt ginn! 

Braucht dir Hëllef an Informatiounen, da kuckt op www.amsob.de, www.notputtingonashirt.org a www.monbusteplat.fr . All dës Hëllefsorganisatioune kennen Dokteren déi de Flat Denial net praktizéieren an hu Lëschte mat Adressen am In- an Ausland.

09.09.2023

Wir benötigen Ihre Zustimmung zum Laden der Übersetzungen

Wir nutzen einen Drittanbieter-Service, um den Inhalt der Website zu übersetzen, der möglicherweise Daten über Ihre Aktivitäten sammelt. Bitte prüfen Sie die Details und akzeptieren Sie den Dienst, um die Übersetzungen zu sehen.