Informatiounen iwwert den ästhetesch, flaache Verschloss no enger Mastektomie, kuerz AFC genannt

Bei enger Broschtkriibserkrankung wënsche sech vill Fraen, fir zur Rou ze kommen. Si sichen no enger alternativer Method fir hiert Ausgesinn no enger Mastektomie ze verbesseren. Si wëllen oft keng zousätzlech Operatiounen iwwert sech ergoe loossen a schnellst méiglech erëm op de Been sinn.
Si versichen hir Kraaft beieneen ze halen a sech, esou gutt et geet, op hir Kriibstherapie ze konzentréieren. Haut ginn et wäertvoll Informatiounsquellen zum Thema Broschtkriibs a Broschtopbaumethoden an et ass ganz wichteg als Patientin matzeschaffen.

Den ästhetesch, flaache Verschloss, op Englesch heescht en "Aesthetic Flat Closure", kuerz "AFC", a Frankräich froen d'Fraen no engem "Buste plat", zu Lëtzebuerg als vollwäerteg Alternativ zu den traditionelle Broschtopbau Methode bekannt ze maachen, ass eist Zil. 
Den AFC ka fir vill Fraen eng interessant Alternative sinn, fir no enger Mastektomie oder no enger Explantatioun ouni Broscht weider ze liewen.

Informatiounen aus dem Internet kënnen Iech en Iwwerbléck iwwer Krankheeten an eventuell Behandlunge ginn. Dës Informationen ersetzen a KENGEM FALL d'Berodung an d'Behandlung bei engem Dokter!

Et muss betount ginn, datt all néideg Therapien géint d'Kriibserkrankung musse gemaach ginn, esou wéi den Therapieplang et virgesäit! Och no der Akuttherapie mussen di virgesinne Kontrolle an de Joren duerno beibehale ginn, fir datt eng eventuelle Rechute oder d'Weidergoe vum Broschtkriibs esou séier wéi méiglech entdeckt ginn!

Mir warnen Iech viru Leit, déi Iech Versprieche maachen eng Krankheet, wéi de Broschtkriibs, mat net medezinesche Mëttelen oder Praktiken ze heelen! Loost Iech NI vu sou irrationalen an immens geféierleche Virgeensweise beaflossen! 

Och e schéinen, flaache Verschloss schützt Iech NET virun enger eventueller Rechute a versëchert, aktuelle Recherchen no, keng besser Iwwerliewenschancen! Et musse weider Daten opgeholl ginn fir méi präzis Statistike weltwäit ze kréien.

Wann dir Iech aleng (geloosst) fillt, kontaktéiert esou séier wéi méiglech d'Fondation Cancer Lëtzebuerg. Si steet Iech bei Ärer Erkrankung zur Säit. Dir sidd net aleng!

Männer déi u Broschtkriibs erkranken, sinn häerzlech wëllkomm op eisem Site. Och fir si ass et wichteg no enger Broschtkriibsoperatioun eng schéi Cicatrice ze kréien! All Fuederungen no engem optimale Mastektomie Resultat gëllen ouni Aschränkung och fir Hären!

GANZ WICHTEG INFORMATIOUNEN
- Wann eng Fra e schéinen, flaache Verschloss no hirer Mastektomie krut, ass et zimlech schwéier spéider e Broschtopbau ze maachen, well guer keng iwwerflësseg Haut a Fett méi do sinn. 

- Wann eng Fra oder e Mann kee schéinen, ästhetesche Verschloss no der Mastektomie kritt huet, kann eng Fra oder e Mann dat ëmmer nach méi spéit (och no e puer Joer) duerch eng Revisiounsoperatioun maache loossen.

- Wann eng Fra kee schéinen, ästhetesche Verschloss bei hirer Mastektomie krutt oder wollt, huet si natierlech och d'Méiglechkeet e spéidere Broschtopbau ze maachen (och no e puer Joer). Natierlech wa si keng medezinesch Kontraindikatiounen huet (Fëmmen = bekannte Risiko, Verschidden Antihormontherapien = bekannte Risiko, Allergien, Autoimmunerkrankungen (och déi, di d'Patientin bis zu deem Zäitpunkt vun der Rekonstruktioun nach net kennt), an Intolleranzen. 

Seriös plastesch, onkoplastesch a spezialiséiert Chirurgen soen Iech éierlech wat an Ärem Fall méiglech ass. Laaft net engem Wonsch Resultat no, wat net ëmzesetzen ass. Egal fir wat fir eng Optioun Dir Iech entscheed, informéiert Iech ganz gutt virun enger Operatioun! Är eege Broscht kritt Dir net zeréck an e Broschtopbau ass niewend der Kriibstherapie e separaten, ganz grousse Chantier, dee sech iwwer Jore kann hinzéien. E Broschtopbau ka ganz gutt reusséieren, all Fall ass individuell, all Fra ass eenzegaarteg. 

Iwwerpréiwten Informatiounen zum Thema Broschtopbau fannd dir hei:

Fondation Cancer Luxembourg
Mamma Mia! Das Brustkrebsmagazin Deutschland
Deutsche Krebsgesellschaft Deutschland
Apotheken Umschau Deutschland
Deutsche Krebshilfe Deutschland
Krebsinformationsdienst Deutschland
Haute Autorité de Santé France
Institut National du Cancer France
Rose Up Magazine France

Huelt keng iwwerstierzten Decisiounen! Informéiert Iech iwwer ALL Methoden, déi Iech ugebuede kënne ginn. Wann Dir onsecher sidd, frot onbedengt eng zweet Meenung! 
Nëmmen esou kënnt Dir, déi fir Iech, richteg Entscheedung huelen an zefridde weider liewen. Vergiesst nimools, datt Dir als Mënsch wichteg sidd an net e Bild wat d'Gesellschaft vun Iech, repektiv vum Fraekierper huet.
Vill Informatiounen, déi Iech op Ärem Wee kënnen hëllefen, fannd Dir op:
www.monbusteplat.fr

Dës Internetsäit, mat all hiren Informatiounen, ass mat der Hëllef vun den amerikaneschen, däitschen, kanadeschen, franséischen an nidderlännesche Fraen entstanen. Säit 2019 leeschten si eng grouss a wichteg Viraarbecht fir den AFC als vollwäerteg Broschtopbau Method anzeféieren. 
E grousse Merci u si all! Den Thema vum AFC ass an der Entwécklung, mir versichen Iech zäitno ze informéieren.

Ganz vill Informatiounen iwwer de Broschtkriibs a Sujete fir d'Liewensqualitéit bei Broschtkriibs oprecht ze halen ginn et och op FACEBOOK an INSTAGRAM. Och hei gëllt natierlech, datt Dir net op onrealistesch Offeren agoe sollt! Versicht bei bekannte Siten, wéi Mamma Mia! Das Brustkrebsmagazin asw. ze bleiwen fir Iech ze informéieren. Facebook an Instagram si ganz praktesch fir séier interessant an aktuel Informatiounen bei d'Patientinnen ze bréngen. 
Mëttlerweil ginn et ganz vill PODCASTEN a WEBINAREN iwwert den Thema vun der Broschtrekonstruktioun, respektiv vun der Net Rekonstruktioun mat enger schéiner Cicatrice. 

Informationen über den AFC

Der schöne, flache Verschluss
Wir stellen Ihnen Informationen über den schönen, flachen Verschluss bei einer Mastektomie vor. Diese Informationen gelten nur bei einer Brustkrebserkrankung. 
Weltweit informieren Vereinigungen Patientinnen über diesen Verschluss.
Die Internetseite Meng Wiel beschränkt sich darauf Informationen zu sammeln um sie einem interessierten Publikum zur Verfügung zu stellen.
Die jeweiligen Herausgeber der Informationen sind verantwortlich für ihre Publikationen.
Die Autoren- und Fotorechte liegen bei den Herausgebern.
AMSOB Deutschland + Schweiz
Fondation Cancer Lëtzebuerg
Uta Melle Deutschland 




 

Informations sur le 
AFC

Le Buste Plat
Nous vous présentons des informations sur la fermeture à fini plat esthétique, lors d'une mastectomie. Ces informations sont valables dans le cadre d'un cancer du sein.
Partout dans le monde des associations informent les patientes, qui veulent garder un buste plat, sur ce sujet .
Le site Meng Wiel se limite à rassembler les informations et de les mettre à disposition d'un public intéressé.
Les auteurs sont responsables pour les contenus de leurs publications.
Les droits d'auteur leurs appartiennent. 
Haute Autorité de Santé France
Mon Buste plat France
Reconstruction à plat - Facebook - France






 

Information about the 
AFC

Aesthetic Flat Closure
Here you can find information about the aesthetic flat closure following a mastectomy in relation with breast cancer.
All over the world, associations inform patients about this subject.
The site Meng Wiel is collecting information to present them to an interested public.
The authors are reponsible for the content.
Copyrights are in the hands of the authors.
Flat Closure Now USA
Flat Friends UK UK
International Flat Day USA
Katrin van Dam USA
Mastectomia semplice senza ricostruzione - FLAT - farfalle libere - Facebook - IT
Not Putting on a Shirt USA
Plattnormen SE
Renee Ridgeley USA
Ronduit Plat Netherland
Stand Tall AFC USA
The Grace Projekt USA
The Skarlette UK
Wildfire Magazine USA 

Wëllkomm op der Informatiounssäit iwwert den ästhetesch, flaache Verschloss

Eng alternativ Operatiounsmethod no enger Mastektomie bei Broschtkriibs

Zu Lëtzebuerg ginn et am Moment dräi Broschtopbaumethoden, déi de Patientinnen beim Verloscht vun hirer Broscht virgeschloe ginn:
• De Broschtopbau mat engem Silikonimplantat
• D'Lappentechnik
• De Lipomodelage
Et gett nach eng véiert Method :
• Den ästhetesch, flaache Verschloss vum Broschtkuerf ouni Knubbelen an ouni Verdéiwunge mat enger schéinst méiglecher Narbeféierung.
Déi usprochsvoll Operatioun soll duerch en onkoplastesche Chirurg, e plastesche Chirurg oder e Chirurg mat enger spezieller Ausbildung gemaach ginn! 
*** Mir hunn eng Lëscht mat plastesche Chirurgen, déi dës Operatiounsmethod beherrschen. ***

Dës Informatiounssäit informéiert NET iwwert de Broschtkriibs u sech oder seng Behandlungsmethoden.
Wann Dir Froen oder Suergen iwwert Är Krankheet oder Är Kriibsbehandlung hutt, riicht Iech, wann ech glift, un Ären Dokter, Hausdokter oder un Är Breast Care Nurse. 
Si sinn Är Uspriechspartner fir d'Kriibstherapie!

Broschüren an Internetsäite vu seriösen Associatiounen, wéi d'Fondation Cancer Lëtzebuerg, hei sinn hir Publikatiounen
Mamma Mia! Das Brustkrebsmagazin ,
Deutsche Krebshilfe hei sinn hir Ratgeber 
aus Däitschland kënnen Iech zousätzlech, gepréiften Informatioune ginn, fir Iech während Ärer Kriibserkrankung beizestoen. Fir Fraen déi vun enger Genmutatioun betraff sinn, gëtt et d' BRCA Netzwerk  dat informéiert.

Telegramm 27.07.2024

Frau Eva Schumacher-Wulf von Mamma Mia! - Das Brustkrebsmagazin macht einen dringenden Aufruf um bei einer Umfrage mit zu machen. 

Die Umfrage richtet sich an Frauen, die an metastasiertem Brustkrebs erkrankt sind. Es ist sehr wichtig, dass diese Form von Brustkrebs besser untersucht wird. 
Viel zu oft werden Symptome oder Anzeichen falsch gedeutet und der Krebs hat sich in fernere Organe einenistet. 
Bitte macht mit und helft dem Krebs die Stirn zu zeigen.
 
Wir sind voller Respekt für Eva Schumacher-Wulf. Ihre Hartnäckigkeit und ihr Engagement für Brustkrebspatienten sind exemplarisch und wir wünschen uns, dass weitere Frauen sich in diesem Masse für das Wohlergehen und die Gesundheit dieser riesigen Patientengruppe, die der Brustkrebs darstellt, einsetzen. 

Den Link zur Umfrage findet Ihr hier ABC Global Charter & Report 

 

 

Telegramm 10.07.2024

Wir machen Ferien. Für dringende Notfälle sind wir erreichbar per E-mail: mengwiel@gmail.com

Informationen, Tipps und Hilfe findet Ihr bei den bekannten Vereinen und ihren geschlossenen Gruppen im Ausland.

Zum Thema des ästhetisch, flachen Verschlusses:
www.amsob.de
www.monbusteplat.fr
www.notputtingonashirt.org

Zum Thema Brustimplantate, Unwohlsein wegen der Implantate oder Ruptur der Implantate:
www.krankdurchbrustimplantate.com

Wir möchten unsern Unterstützern sehr herzlich für ihre Hilfe danken und wünschen auch ihnen erholsame Ferien. Sie haben es verdient! 

 

Telegramm 06.07.2024

Dës Kéier weise mir Iech en Artikel deen éischter fir Fachleit, Chirurgen a Gynäkologen, geduecht ass. Well de schéine, flaache Verschloss eng ganz usprochsvoll Operationsmethod ass, ginn et net vill Plaze wou een se ka léieren. Hei ass beschriwwen, wéi eng schéi, flach Mastektomienarb bei méi korpulente Frae gemaach ka ginn.

Opgepasst, dësen Text an d'Biller déi zum Text gehéieren, kënne sensibel Leit schockéieren. Kuckt dësen Artikel net aleng wann dir just diagnostizéiert sidd! 
Schwätzt virdru mat Ärem Chirurg an Ärem Hausdokter. Losst Är Dokteren den Text fir Iech liesen a beschwätzt duerno wéi Dir no Ärer Mastektomie wëllt ausgesinn. 

All Patientinn ass anescht gebaut, all Broschtkriibs ass verschidden. Vergiesst net, datt et keng allgemeng Method gëtt, fir operéiert ze ginn. Iwwerstierzt näischt. Och no enger Kriibsdiagnos bleift Zäit sech ze ëmfroen wat méiglech a machbar an Ärem Fall ass.

Telegramm 30.06.2024

Léif Broschtkriibs Patientin, léiwe Broschtkriibs Patient,

wann's du eng Mastektomie muss gemaach kréien, oder du wëlls deng Brëscht als Fra net behalen, informéier dech ganz gutt iwwer d'Operatiounskentnisser vun dengem Dokter! 

Eng Mastektomie huet KEE schéine Verschloss, well dat net vun eiser Krankekeess virgesinn ass. De schéine Verschloss ass an den Ae vum Gesondheetssystem eng ästhetesch Operatioun a gëtt NET zeréck bezuelt! Doduerch hu vill Chirurgen keng Erfahrung mat dëser Zort vun Operatioun.

All Zorte vu Broschtrekonstruktioune mat Volume ginn, bal integral, vun der Krankekeess bezuelt a sinn Deel vum Kriibsträtement. Fir Fraen, déi e Broschtopbau wënschen ass dat e schéine Geste an an deem Moment bëstemmt ganz wichteg fir hiert Wuelbefannen.

Datt Broschtkriibspatientinnen net gläich virun der Krankekeess sinn, ass eng grouss Ongerechtegkeet a verstéisst géint de Gläichbehandlungsprinzip. Wann e weess dat am Joer 2021, 602 Mastektomie vun der Krankekees iwwerholl goufen, kann e sech virstellen, wéi vill Fraen a Männer esou veronstallt sinn.

Wéini gëtt dës Ongerechtegkeet tëschend de Fraen déi kee Broschtopbau wëllen an deenen, déi e Broschtopbau wëllen, endlech opgehuewen?

Mir bieden iech all, iech anzesetzen, fir datt dës Ongerechtegkeet endlech opgehuewe gëtt. Schwätzt mat ären Dokteren, schreift un d'Krankekeess. Halt net op e schéine "Buste Plat" ze fuerderen!

Dokteren déi de schéine, flaache Verschloss operéiere kënnen, mussen endlech e legale Kader kréien fir datt si dem Leed vun de verstallte Fraen a Männer en Enn kënne setzen.

Mir hunn all méigelech Demarchen hei zu Lëtzebuerg ënnerholl fir den AFC bekannt ze maachen, ouni Resultat. Op einfach Nofro per E-mail, soe mir iech, wéi déi verschidden Leit an den Institutioune sech verhalen hunn. Och d'Nimm vun den zwee Dokteren déi d'Mastektomien op der Foto gemaach hunn, schreiwe mir iech och.

Telegramm 19.06.2024

Léif Lieserin,

dat traumatescht Erliefness gesot ze kréien, datt ee Broschtkriibs huet, ass terribel. Vun enger Sekond op di Aner ass näischt méi wéi virdrun. Nom éischte Schock muss eng Fra emol verstoe léieren, ëm wat fir e Kriibs et sech bei hir handelt. De Bericht vun der Anatomie-Pathologie gëtt Opschloss iwwer Gravitéit a Behandlunsméiglechkeeten. D'Fondation Cancer kann Iech ganz schnell Broschüre schécken, datt Dir selwer Är Kopie vum Bericht kënnt liesen a verstoen. Ären Onkolog an en Team setzen en Therapieplang fir Iech op. Wann Dir am Bild sidd ëm wat fir e Kriibs et sech handelt, steet vläicht op eemol dat Wuert Mastektomie am Raum. Dat bedeit, datt Dir Är Broscht verléiere wäert. Et ginn och Fraen, déi hir Broscht/hir Brëscht net méi wëlle behalen. Den aktuelle Leitlinien S3 iwwert de Broschtkriibs no, gehéiert e Broschtopbau zur Behandlung vum Broschtkriibs. 

Wann Dir kee Broschtopbau wëllt an an Zukunft mat engem schéine, flaache Torso wëllt liewen, sollt Dir Iech ofsëcheren, datt Äre Chirurg dës usprochsvoll Technik beherrscht! Huelt dëst Dokument mat a print Iech Fotoen aus, wéi dir no der OP wëllt ausgesinn. Wann an iergendenger Form Drock op Iech ausgeübt gëtt, ass et schlau fir nach eng zweet Meenung ze froen. Et ginn duerchaus Chirurgen a Chirurginnen, déi dëse Wonsch verstinn an di speziell Technik aplizéiere kënnen. Dir musst Iech just ëmfroen. Den S3 Leitlinen no ass eng Mastektomie eng Therapieform fir INFORMÉIERT Fraen. 

Trefft kee Choix am Schockzoustand a vergiesst net datt et virun allem drëm geet dem Kriibs Herr ze ginn!

Egal fir wat fir en Ausgesinn Dir Iech entscheed, behaalt e kritische Geescht, informéiert Iech a loost Iech net vu phantastesche Verspriechen emstëmmen, fir oder géint Är Wiel, wat ëmmer dat ass.

Telegramm 17.06.2024

Liebe Leser,

im Sommer flaut das Thema um den Brustkrebs und die ihm folgenden Themen über Brustaufbauten in den Medien ab. 
Auch bei den Verfechterinnen des schönen, flachen Verschlusses wird ein wenig leiser getreten.

Nach 31 Monaten Arbeit für den AFC ist es wieder an der Zeit einen Zwischenbericht zu schreiben. Traurigerweise gibt es keine guten Nachrichten. Die betroffenen Institutionen machen keinen Schritt auf Frauen zu, welche schön flach bleiben möchten. Außer großer Unverständnis und Häme, wurde uns nichts Konkretes entgegengebracht. Hier weiterlesen ....

Telegramm 14.06.2024

En mars 2023 la Haute Autorité de Santé a publié un beau dossier sur la reconstruction mammaire. Le dossier a été conçu avec l'aide de femmes touchées par le cancer du sein. Pour la première fois TOUTES les possibilités sont présentées, comment une femme veut se voir après sa mastectomie ou ses mastectomies. 

Plongez-vous dans ce dossier ultra complet et informez vous avant votre opération. Votre santé et votre bien être dépendent de votre choix. 

Mal ou pas informée, vous risquez d'être déçue par l'une ou l'autre methode. 

Telegramm 07.06.2024

Es ist wieder soweit. Antje Proft fährt für AMSOB eine tolle Fahrradtour. Unterwegs besucht Antje bekannte Brustzentern, um die Mutmachpost von AMSOB an neu erkrankte Brustkrebspatientinnen zu verteilen. Im Gepäck sind auch die neuen Flyer von AMSOB. Brustlosigkeit als Alternative zu einem Brustaufbau ist leider noch vielerorts unbekannt. Wie AMSOB setzen sich weltweit Vereine und betroffene Frauen ein, um ein schönes Ergebnis nach einer Brustabnahme zu garantieren. Liebe Leserin, lieber Leser, wenn Du betroffen bist, setze Dich ein um uns zu helfen den schönen, flachen Verschluss bekannt zu machen. Vielen Dank!
Nachtrag: viele Frauen fragen wie sie helfen können. 
- Reden Sie mit Ihrem Allgemeinarzt, Gynäkologen und Chirurgen über den schönen, flachen Verschluss. 
- Geben Sie die Information, dass es diese Möglichkeit gibt, an betroffene Frauen weiter. 
- Geben Sie Frauen die kein Internet haben, einen der aufgelisteten Flyer. 
- Werden Sie Mitglied bei AMSOB
- Spenden Sie an die Fondation Cancer welche alle betroffenen Frauen + Männer unterstützt.

Telegramm 01.06.2024

Liebe Besucherin, lieber Besucher, wir sind sehr froh Ihnen mitteilen zu können, dass wir einen weiteren Chirurgen gefunden haben der den schönen, flachen Verschluss in Luxemburg praktiziert. Leider steht, bis jetzt, keiner der luxemburgischen Chirurgen im Repertoire von "Not Putting on a Shirt".

Wenn Sie eine Adresse brauchen um in Luxemburg flach operiert zu werden, schreiben Sie uns eine Email an mengwiel@gmail.com. Wir werden Ihnen schnellstmöglich antworten.

Wenn Sie auf eigene Kosten, oder nach Anfrage bei der CNS, im Ausland operiert werden möchten, erkundigen Sie sich bitte bei den Vereinen "Not Putting on a Shirt" , "AMSOB" oder "Mon Buste Plat". Alle Vereine kennen Chirurgen die den ästhetisch, flachen Verschluss operieren können.

Wenn Sie Ihre Implantate entfernt bekommen möchten, wenden Sie sich bitte an den Verein "Krank durch Brustimplantate". Der Verein kennt viele Ärzte welche die Implantate "En Bloc" entfernen.

Telegramm 14.05.2024

Wir hoffen, dass wir mit unserer Sammlung an Informationen über den schöne, flachen Verschluss helfen können, eine für Dich gute Entscheidung zu treffen. Wir sind für Dich da unter mengwiel@gmail.com. 

Telegramm 09.05.2024

Léif Patientinnen, wann dir eng Broschtkriibsdiagnos kritt, rode mir iech dringenstens opzehale mat fëmmen. An zwar DIREKT! Meeschtens muss e Broschtkriibs operativ fort gemaach ginn. Duerch d'Fëmme riskéiert dir ganz grouss Schwieregkeete bei der Heelung vun äre Wonnen ze kréien. Wann dir direkt oder spéider eng Operatioun maacht, fir en ästhetesch flaache Verschloss ze kréien oder eng Zort Broschtrekonstruktioun, riskéiert dir duerch d'Fëmmen datt d'Wonnen net richteg verheelen. Natierlech ginn et och nach vill aner Ursaachen déi zu Komplikatioune kënne féieren, mee d'Fëmme kënnt dir selwer ophalen an domat är Chancen op e gudd Resultat verbesseren. Sicht iech Hëllef fir dës schwéier Zäit duerch ze stoen. Am beschten ass et no der Operatioun guer net méi mat Fëmmen erëm unzefänken. 

Telegramm 03.05.2024

Appel aux témoignages. Le magazine Rose Up souhaite entendre vos voix au sujet du buste plat. Peu importe comment vous appelez cette technique d'opération, manifestez vous pour que d'autres femmes puissent profiter de cette technique de reconstruction encore rarement proposée. Les femmes qui ne souhaitent pas se livrer à des lourdes opérations, optent pour la reconstruction à plat. Elles exigent, tout comme les femmes reconstruites avec du volume, un aspect soigné du terrain opéré. Sur internet vous trouverez de multiples photos de jolis bustes plats. Faites suivre ce message à vos copines, touchées par le cancer du sein afin, de les informer. Parlez en à vos médecins. Garder le torse plat est une véritable option pour les femmes mastectomisées.

Telegramm 25.08.2023

Melanie Stahl - Kampf um Entscheidungsfreiheit
Antje Proft - Radeln für AMSOB und alle betroffenen Frauen

Telegramm 23.08.2023

Selbstbewusst ohne Brust fährt Antje Proft ihre diesjährige Fahrradtour von Villingen-Schwenningen bis nach Wien. 
Antje besucht entlang ihrer Fahrradstrecke Brustzentern um Mutmachpost auszuteilen. Im Gepäck sind auch Informationsbrochüren der Vereinigung AMSOB. 
Die Mitglieder des Vereins möchten Patientinnen und Ärzteschaft aufmerksam machen, dass ein Leben ohne Brustaufbau möglich ist. Ein bestmögliches Resultat nach einer Mastektomie kann eine vollwertige Alternative zur traditionellen Brustrekonstruktion sein. 
Der Verein AMSOB ist offen für luxemburgische Frauen als aktive oder passive Mitglieder. 
Vielen Dank an Antje, das AMSOB Team und alle die Antje auf ihrem Weg begegnet.

Telegramm 21.08.2023

Och a Schweden gëtt et eng Vereenegung déi Frae beisteet déi kee Broschtopbau wënschen oder hir Prothesen erausgeholl kruten. Dës immens sympathesch Fraen hunn e schéint Buch op Schwedesch geschriwwen. Dëst Buch soll elo op Englesch iwwersat ginn.
Dofir lancéiere mir hei e Spendenopruff. Deelt dëse Message weg a spend eng kleng Zomm.
- Spendenaufruf. Bitte diese Nachricht teilen.
- Appel aux dons. Partager ce message svp.
- Call for donations. Please share this message.
- Dela gärna detta meddelande.

Telegramm 13.08.2023

Du bass wéinst Broschtkriibs operéiert ginn. Bei dëser Operatioun ginn oft Lymphkniet fortgeholl well sech schons Tumorzellen doran ophalen oder aus Sëcherheetsgrënn, well een oder méi Lymphkniet ganz no bei dengem Tumor waren. 
Lymphkniet sinn iwwert de ganze Kieper verdeelt an erfëllen eng wichteg Roll bei der Immunofwier. Demno wéi vill vun dësen Lymphkniet mat eraus operéiert goufen, kann sech d’Lymphflëssegkeet an dengem Aarm stauen. Wann’s du mierks datt deng Reng, deng Brasseleten, deng Auer oder deng Kleeder mi fest sëtzen, fro däin Dokter wat’s du dogéint kanns maachen. 

Präventiv kanns's du den Aarm héich leeën, Lympfdränage bei engem spezialiséierte Kiné a Kompressiounsaarmstrëmp hëllefen dësen desagreable Phänomen virzebeugen an a Schach ze halen. Dës Aktioune sollen hëllefe fir datt de Lymphödem net opkënnt oder ze uerg gëtt.

Net behandelt kritt e Lymphödem penibel Suiten an ass net méi réckgängeg ze maachen. E Lymphödem kann direkt, no engem Joer oder no vill méi Joren odauchen!
Informéier dech iwwer déi neitst Erkenntnisser bei spezialiséierten Associatiounen. Genee wéi beim Broschtkriibs gëtt ëmmer weider gefuerscht fir de Patienten ze hëllefen.
Mat Präventioun, fréi erkannt a richteg behandelt, kanns du e Lymphödem a senger Evolutioun e bëssen ophalen. 

Telegramm 10.08.2023

Broschtkriibs. AFC.
👉👉 Du hues lo just d'Diagnos Broschtkriibs kritt. 👈👈 
Elo stees du ënner Schock a kanns net gleewe wat mat dir geschitt. Dëst ass eng Ausnamesituatioun wou's du onbedengt versiche solls e klore Kapp ze behalen! 
Hautzudags ginn et ganz vill Hëllefsméiglechkeeten fir dass du dech informéiere kanns. 
👉👉 Mee, am Moment brauchs du kuerz, knapp a präzis Informatiounen fir dass du an dëser Situatioun net zivill ofgelenkt gëss. 👈👈 
D'Fondation Cancer Luxembourg huet all d'Informatiounen déi's du lo brauchs op enger Plaz zesummegedroen. Bestell dir hir Broschüren déi dech interesséieren.

- Maach der direkt en Dossier (8cm) mat Ënnerdeelungen (20). 
- Fro vun all Dokument, Analyse, Rapport asw. eng Kopie!!
- Aktivéier däin elektronesche Patientendossier!

Du bass de Manager vun dengem Liewen an denger Krankheet. 
Wann's du am Moment dat net maache kanns, sich eng Vertrauenspersoun déi dat bedingungslos fir dech mecht. 

- Fuer net aleng mam Auto am Schockzoustand!
- Kontaktéier d'Fondatioun Cancer wann's du mengs d'Situatioun net aleng ze iwwerblécken.
- Kontaktéier däin Hausdokter.

D'Statistike sinn um Pabeier, si sinn dir lo vu kenger Hëllef, vläicht spéider emol kënne si interessant ginn.

Lo bass du als Mënsch wichteg, hues du beim Dokter kee gutt Gefill, fro eng zweet Meenung bei engem ganz aneren Dokter. Vertrau dengem Instinkt wann een eppes mat dir wëll maachen wat dir no alle wëssenschaftlech a medezineschen Informatiounen déi's du kritt hues, sech net gutt ufillt.

Fäert net der psychologesch Hëllef ze huelen!

❤️ Denk drun, mir sinn am selwechte Fall wéi's du! Du bass net aleng! Lues a lues kënns du an den Thema Broschtkriibs eran an e verléiert säi Schrecken! 
Mir denken un dech a si sécher dass du deng Kraaft richteg asetzt an dem Broschtkriibs Parodi hälls. ❤️

Telegramm 30.07.2023

Mir si frou datt eis Informatiounssäit Iech gefällt! Mat grousser Freed a vill Engagement versiche mir Iech ze informéieren iwwert di neitst Evenementer. Mir versichen Iech a Kontakt ze brenge mat wonnerbare Fraen, déi esou fille wéi mir. 
Dir frot eis wéi Dir eis hëllefe kënnt. Dir kënnt eis an de betraffene Fraen hëllefen, andeems Dir eis Säit deelt an deene Fraen déi keen Accès op den Internet hunn ee vun de virgestallte Flyer ausdréckt. Finanziell kënne mir aktuell net ennerstëtzt ginn, well mir just Informatioune sammelen a weiderginn. 
All Don deen dir fir d'Fondation Cancer Lëtzebuerg maacht, kënnt alle Fraen, déi betraff sinn, zegutt. D'Fondation Cancer këmmert sech ëm all Sujeten déi e Kriibspatient betreffen. D'Recherche, di mental Gesondheet, di direkt Hëllef, de mënschleche Bäistand, d'Zefriddenheet iwwert d'Ausgesinn. 
Zéckt net fir d'Fondation Cancer ze ennerstëtzen. Mir maachen dat och. All Don ass wichteg. Villmools Merci!

Telegramm 23.07.2023

Eng Mastektomie kann eng gudd, gesond a schéin Optioun no enger Broschtkriibsdiagnos sinn. Et ass ganz wichteg sech a Rou all Méiglechkeete weisen an erklären ze loossen, wéi een als Fra no der Broschtkriibsoperatioun ausgesi kann. Et ass ganz wichteg datt de Chirurg dës besonneg Technik ausféiere kann. Hei weiderliesen....
 

Telegramm 16.07.2023

Eng präventiv Mastektomie kann eng gudd, gesond a schéin Optioun no enger Broschtkriibsdiagnos sinn. Et ass ganz wichteg sech a Rou all Méiglechkeete weisen an erklären ze loossen, wéi een als Fra no der Broschtkriibsoperatioun ausgesi kann. 
Looss dech beroden vun engem Aussestehenden a vu speziel ausgebilde Leit. 
Fäert net fir dir psychologesche Beistand ze huelen! Et gëtt net "dee Wee", genee esou wéineg wéi et "dee Broschtkriibs" gëtt. 
All Fra ass anescht gebaut, huet aner Ufuerderungen, Niewenerkrankungen a Wënsch. 
Net ze vergiessen datt d'Gefiller an d'Meenungen sech am Laf vum Liewen ännere kënnen. 
Wann eng Frau perfekt informéiert ass, kann si hir Decisoun berouegt huelen a verhënnert esou datt no enger vireileger Entscheedung e Frustgefill opkënnt. Wäertvoll Informatione fannd dir op der Internetsäit vun der Fondation Cancer Luxembourg.

Telegramm 16.07.2023

Regelméisseg ginn d'Leitlinien iwwert de Broschtkriibs aktualiséiert a publizéiert. Hei huet all interesséiert Patientin d'Méiglechkeet sech ze informéieren. Hudd dir eng Fro oder Suergen iwwert är Krankheet an/oder iwwert är Trätement, schwätzt är Dokteren onbedengt dorop un! Dir kënnt iech och Rot a Beistand bei der Fondation Cancer sichen.
Et gëtt eng laang an eng kuerz Versioun vun dësem Dokument. Informatione fannd dir hei:

Wir benötigen Ihre Zustimmung zum Laden der Übersetzungen

Wir nutzen einen Drittanbieter-Service, um den Inhalt der Website zu übersetzen, der möglicherweise Daten über Ihre Aktivitäten sammelt. Bitte überprüfen Sie die Details in der Datenschutzerklärung und akzeptieren Sie den Dienst, um die Übersetzungen zu sehen.